Source : http://news.rtl.lu/commentaire/carteblanche/29815.html

Wéi vill Anerer bedeelegt sech den Denis Scuto, an dësen Tour de France-Zäiten, un der Aktioun „Mam Vëlo op d’Schaff”, déi den Transportministère dëst Joer nees an Zesummenaarbecht mat Partner wéi der CFL, dem Verkéiersverbond an der Lëtzebuerger Velosinitiativ organiséiert. Seng Erfahrungen hunn en zu dëser Carte blanche inspiréiert.

Permanent ginn d’Automobilisten jo laanscht d’Autobunne mat Affiche begléckt, déi hinne soe wéi se sech sollen oder net solle verhalen. Si sinn mol witzeg, mol grave, mol banal. Gutt gemengt meeschtens. Eng Affiche vum Emwelt- a vum Transportministär kréie mer suguer ëmmer nees zervéiert. Eis schéin Äerd ass ze gesinn mat enger Minuterie drop. D’Regierung léisst eis folgendes matdeelen: „Klimaschutz: Et läit an denger Hand. Géi ze Fouss. Huel de Vëlo. Huel de Bus. Änner deng Gewunnechten.”

Vun Ufank un geet dëst Plakat mer zimmlech op de Wecker. Firwat, wëll ech un engem Beispill kloer maachen. Zënter dem 18. Mee bedeelegen ech mech mat e puer Kollegen a Kolleginnen vun der Uni un der Aktioun „Mam Vëlo op d’Schaff”. Dat heescht op d’mannst 15 Mol tëschent dem 18. Mee an dem 24. Juli fueren ech mam Vëlo vu Lampech op Walfer an zeréck. 26 km dohin a 26 km zeréck iwer d’Stad. En Deel kann een och mam ëffentlechen Transport maachen, an anere Wierder mam Zuch, well mam Vëlo an de Bus klammen ass oft problematesch.

Ech hu versicht e Wee ze fannen mat esouvill wéi méiglech Velosweeër. Mee ech muss awer, oft am Berufsverkéier, verschidde Stroosse benotzen, déi Automobilisten als Schläichweeër benotzen: vu Lampech op Ehleng, vum Schléiwenhaff zu Leideleng bis bei d’Hollerecher Kiirch, iirt ech bei der Dexia-Bil an d’Péitrus ka fueren, vu Beggen iwer d’Kromm Längten op Walfer. Ech si generft an d’Autofuerer wuel och. Den éischten Dag hunn ech en Zebrasträife benotzt fir een onméiglechen Traficpunkt ze ëmgoen. Mam Resultat dass e Moto d’Camionette, déi mer d’Vue verspoart huet, iwwerholl huet a mäi viischt Rad gesträift a (glécklecherweis juste) mäi Guidon verbéit huet. „Ça va?” sot en an ass weidergefuer.

Den Zuch huelen mam Velo klappt do scho besser. D’CFL-Schaffner si ganz hëllefsbereet, wëssen awer selwer, dass d’Wagonen net equipéiert sinn fir méi wéi e Grapp voll Cyclisten mat Vëlo opzehuelen, resp. verschidde Waggoen nach guer net equipéiert sinn. Esou munch Trap hunn ech scho missen am Zuch mat mengem Drotiesel blockéieren.

D’Plakat iwer de Klimaschutz geet mer op de Wecker, well e wichtegen Hiweis feelt. Do misst stoen: Géi ze Fouss. Huel de Vëlo. Huel de Bus. An dann: Mär Regierungsmemberen, Gemengen- a Schäfferéit, mär Décideuren a privaten a staatleche Betriiber änneren och eis Gewunnechten a mär huele Mesuren, dass Cyclisten a gudde Konditiounen a virun allem a Sécherheet kënnen op hir Oarbechtsplaz fueren. Mär setzen elo endlech ëm wat mer schonn 10 Joer verspriechen: Mär bannen déi lokal Réseaue vu Vëlospisten un déi National un. Mär schafen an all Gemeng (net nëmmen zu Esch an an der Stad) en zesummenhängenden Réseau vu Vëlospisten. Mär ernennen e Koordinateur um nationale Plang, deen dofir suergt dass déi verschidden Acteuren Transportministère, Travaux publics, Ponts et chaussées, Tourisme, Santé, Education nationale Infrastrukture schafen oder veränneren, fir dass dem Vëlo eng Plaz gi gëtt an net nëmmen e puer Strécher um Macadam.

En attendant, dass mer déi Mesuren am nächste Koalitiounsprogramm erëmfannen, wënsche mer all politesche Responsablen am Land eng schéi Vokanz. Maacht et do wéi mär: Gitt ze Fouss. Huelt de Velo. Ännert är Gewunnechten.