A gutt siwe Méint si Gemengewahlen an uechter d’Land ass een amgaangen d’Lëschten ze besetzen. Spannend kéint et dëst Joer zu Iechternach ginn.

An de Proporzgemengen läit d’Besetze vun de Lëschten an der Hand vun de Parteien an déi sinn äerdeg um telefonéieren an nofroen. D’Gemengewahlen zu Iechternach verspriechen elo scho spannend ze ginn. An der Abteistad war laang de fréiere Minister Fernand Boden fir eng Plaz op der CSV Lëscht am Gespréich, selwecht wéi säin Adversaire vun der LSAP den Jos Scheuer. Elo schéngt dat awer vum Dësch ze sinn.

„Wann hie matgeet, sinn och derbäi“ huet et laang op béid Säite geheescht. Elo ass d’Kaz aus dem Sak, den Fernand Boden sot am Gespréich mat RTL, hien hätt „net Wëlles“ mat an d’Gemengewahlen ze goen. De fréieren Député-Maire vun der LSAP Jos Scheuer huet déi nämmlecht Informatiounen.

Et wier am Interêt vun deenen Zwee, datt dës Decisioun gefall ass. No 25 Joer Gemengepolitik géif et fir de Jos Scheuer och duergoen an et wier Zäit fir Plaz fir déi Jonk bei der LSAP ze maachen. Wien dann elo amplaz kënnt, ass nach net sécher.

Sécher ass, datt dem Jos Scheuer säi Fils, den LSAP Deputéierte Ben Scheuer, Tête de liste ass. Déi Lëscht ass nach net komplett, confirméiert ass awer, dass d’Gemengeréit Jean-Claude Strasser an Danièle Heim nees derbäi sinn. De Georges Birgen net, dofir awer héchstwahrscheinlech de Fils, Luc Birgen.

Bei der CSV ass d’Lëscht och net ganz komplett, déi aktuell Schäffen a Gemengeréit hunn awer Wëlles matzegoen: Edmond Neu, Yves Wengler, den aktuelle Buergermeeschter Theo Thiry an och den Marc Diederich, deem am Ufank vun der Legislatur um Buergermeeschteschstull souz.

Bei der DP soll et eng jonk Lëscht ginn, och wann zwee Jonker, den Steve Wagner an de Gilles Petry aus professionelle Grënn net méi derbäi sinn. De Sektiounspresident Jean-Paul Spartz geet awer mat, selwecht wéi d’Schäffen André Hartmann, Francis Reuter an de Conseiller Marcel Heinen. Fir d’éischte Kéier op der DP Lëscht wier nach de Georges Hoscheid.

Dann, Déi Gréng, déi fir d’éischte Kéier eng Lëscht zu Iechternach maachen. D’Spëtzt ass hei am Prinzip wéi déi vum Bezierk a paritéitesch besat: Raymond Becker a Carole Dieschbourg. Et gesäit, dann och duerno aus, wéi wann déi fréier Deputéiert Francoise Kuffer net géif mat an d’Gemengewahle goen. Definitiv décidéiert wier awer nach näischt.

Source : www.rtl.lu