Zum internationalen Dag géint Homophobie an Transphobie erënnert d’Piratepartei drun, dass all Mënsch e Recht op selbstbestëmmt sexuell Identitéit an Orientéierung huet. Eng bestëmmte geschlechtlech oder sexuell Identitéit oder Orientéierung dierf weder als Krankheet oder Perversioun agestuuft ginn, nach als Grond geholl gi fir engem säi Familljeliewen anzeschränken.

“Och zu Lëtzebuerg ginn et nach ëmmer Viruerteeler géinteniwwer Mënsche wéinst hirer sexueller Identitéit oder Orientéierung. Dëse Problem léist sech nëmmen aus der Gesellschaft léisen: jidderee vun ons muss de Courage hunn sech kloer géint Diskriminatioun auszeschwätze wann mer hier begéinen!” seet de Sven Clement, President vun der Piratepartei. “Besonnesch de Staat muss ophale Mënschen opgrond vun hirer sexueller Identitéit oder Orientéierung ze diskriminéieren, zum Beispill an der Familljeplanung mat Bestietnis an Adoptioun! Och Organisatioune wéi d’Croix Rouge dierfen Homosexueller net weider diskriminéieren!”

Wichteg ass och endlech d’Unerkennung vum Recht op selbstbestëmmt Liewe vun transsexuelle Mënschen. “Friembestëmmten Zouuerdnungen zu engem Geschlecht oder zu Geschlechterrolle lehne mir of.” sou de Sven Clement weider. “Transsexualitéit ass keng Krankheet a muss net geheelt ginn. Wéi all aner Mënschen och, hunn transsexuell Mënschen e Recht op selbstbestëmmt sexuell Identitéit! Amplaz dëse Mënsche Steng an de Wee ze leeën, mussen ze ënnerstëtzt ginn. Sou soll d’Gesondheetskees geschlechtsugläichenden Operatiounen iwwerhuele kënnen a Prozedure beim Änneren vum Geschlecht op der Carte d’Identité vereinfacht ginn resp. am Fall vun engem bestoende Bestietnes erméiglecht ginn!”.

Um 14.00 fënnt zu Tréier de Rainbowflashmob statt. D’Piratepartei rifft op op dësem Flashmob Deel ze huelen. Weider Informatiounen ënnert http://www.schmit-z.de/termine/idaho-2012-rainbowflashmob

Donieft gëtt et eng Facebook an Twitter Initiativ: http://idaho-letzebuerg.org/

===
Pressekontakte:
(+352) 661 86 04 01 (Jerry Weyer)
(+352) 621 632 118 (Sven Clement)
===
Über die Piratenpartei Luxemburg

Die Piratenpartei Luxemburg setzt sich seit ihrer Gründung im Oktober 2009 für den Schutz der Bürgerrechte, insbesondere den Schutz der Privatsphäre und einen erhöhten Datenschutz, ein. Die Piratenpartei fordert außerdem eine größere Transparenz des Staatsapparates, sowie den freien Zugang zu öffentlichen Informationen und Bildungsmaterialien. Darüber hinaus fordert die Piratenpartei eine grundlegende Reform des Urheberrechts und des Patentwesens.

Als Mitglied einer internationalen Bewegung nimmt die Piratenpartei Luxemburg aktiv an internationalen Konferenzen und Aktionen teil. Grundlegendes Prinzip ist die Basisdemokratie, die es jedem Mitglied der Partei erlaubt ihre Zukunft mit zu gestalten.

Piratepartei Lëtzebuerg
1, Sonnestrooss,
L-5683 Dalheim

www.piratepartei.lu
ahoi@piratepartei.lu