Um Owend vum 19. Juli sinn am Festsall vun der Gonnerenger Schoul a Präsenz vun der Buergermeeschtesch Francine Colling-Kahn, dem Schäffe Romain Reitz souwéi Memberen vun der Energiekommissioun Lënster d’Statute vun der éischter lëtzebuerger Biergerenergiecooperative, EquiEnerCoop, ënnerschriwwe ginn.

Den Zweck vun dëser société coopérative ass dass d’Bierger Projet’en am Beräich vun der Energie lancéieren an se bedreiwen, sief et mat Anlagen am Beräich regenerativ Energie, d’Förderung, Ënnerstëtzung an Berodung a Froe vun der regenerativer Energiegewënnung an der Energieeffizienz souwéi Informatioun an Ëffentlechkeetsaarbecht an de Beräicher regenerativ Energie an Energiespueren.

Beim Modell vun der Coopérative ass besonnesch den lokale Charakter ze ënnersträichen. Mat der Investitioun an der Coopérativ gëtt d’Economie lokal ënnerstëtzt, den Gewënn aus der Energieproduktioun bleift bei den Bierger an et ass een op laang Siicht manner Ofhängeg vun internationalen Energie- ma och Finanzmäert.

Den éischte Projet wou sech EquiEnerCoop virgeholl huet besteet an der Installatioun vun enger gemeinschaftlecher Solaranlag an Zesummenaarbecht mat der Lënster Gemeng. Den 9.Juli war an dem Kontext schonn eng éischt Informatiounsversammlung wou ronn 70 Awunner präsent waren. An dem Projet geet et drëm Photovoltaikpanneau’en op den Diech vun ëffentleche Gebaier opzeriichten, ugefange mat dem Schoulkomplex zu Gonnereng wou eng Anlag vun 90 kWP installéiert gëtt. Am Hierscht wäert den Projet an all sengen Détailer fäerdeg ausgeschaft sinn an déi vill interesséiert Bierger kënnen der nei gegrënnter Biergerenergiecooperativ bäitrieden.

Fir weider Informatiounen:
http://www.equienercoop.lu
eMail: info@equienercoop.lu
Tel: 691 78 84 69 (Jean Boden)