D’Anlagen EquiSolar2012 sinn um Netz.

D’Anlagen EquiSolar2012 sinn um Netz.

Den 28. Dezember 2012 huet CREOS déi zwou Photovoltaikanlage vum Projet EquiSolar2012, eng op den Diech vun der Gonnerenger Schoul an eng um Daach vum Dépôt communal zu Jonglënster, un hire Reseau ugeschloss. EquiSolar2012 mat enger Leeschtung vun 140kWp ass soumat operationell an déi éischt Watt sinn agespeist.

Dëse Projet vun der éischter lëtzebuerger Biergerenergiecooperative, EquiEnerCoop, konnt integral duerch eng 140 Bierger aus der Gemeng Jonglënster finanzéiert ginn. All Bierger deen sech um Finanzement bedeelegt huet, ass och Gesellschafter vun der Cooperative ginn.

An der kuerzer Zäit vun nëmmen 6 Méint, wou den Projet leeft huet sech schonns groussen Interessi aus dem ganze Land un dem Projet gewisen an dat well beim Modell vun der Cooperative besonnesch den lokale Charakter ze ënnersträichen ass. Mat der Investitioun an der Cooperative gëtt d’Economie lokal ënnerstëtzt, den Gewënn aus der Energieproduktioun bleift bei den Bierger an et ass een op laang Siicht manner Ofhängeg vun internationalen Energie- ma och Finanzmäert.D’Iwwergangsfinanzéierung gouf vun „etika asbl“ ënnerstëtzt, déi domadder den Aspekt vun der Biergerbedeelegung an Form vun der Coopérative an engem Projet vun erneierbaren Energië wëllen ervirhiewen.

EquiEnerCoop wäert weider Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energien an der Energieeffizienz dëst Joer ugoen.

Fir weider Informatiounen:
http://www.equienercoop.lu
eMail: info@equienercoop.lu
Tel: 691 30 49 94 (Christian Goebel)

(matgedeelt den 9.1.2013)


Les installations du projet EquiSolar2012 sont branchées.

Le 28 décembre 2012, CREOS a procédé au branchement à son réseau des deux installations photovoltaïques du projet EquiSolar2012, une sur les toits de l’école fondamentale de Gonderange, l’autre sur le toit du dépôt communal à Junglinster. EquiSolar2012 avec une puissance de 140 kWp est donc opérationnel et les premiers Watts ont déjà été injectés dans le réseau CREOS.

Ce projet de la première société coopérative citoyenne dans le domaine de l’énergie, EquiEnerCoop, a pu être financé intégralement par les parts d’environ 140 citoyens de la commune de Junglinster. En participant au projet, les investisseurs sont devenus sociétaires de la société coopérative.

Déjà pendant la courte période de 6 mois que le projet existe, il a suscité un grand intérêt à travers le pays entier et ce en en raison du modèle de société coopérative qui souligne particulièrement le caractère local. En investissant dans une société coopérative, on soutient l’économie locale, les profits découlant de la production d’énergie restent auprès des citoyens et, à la longue, on réduit la dépendance vis-à-vis des marchés internationaux de l’énergie, mais également vis-à-vis des marchés financiers. C’est en raison de cet aspect local et participatif de la société coopérative dans le cadre d’un projet d’énergie renouvelable, que le financement intermédiaire du projet EquiSolar2012 a été subventionné par etika asbl.

EquiEnerCoop prévoit d’entamer au cours de cette année d’autres projets dans le domaine des énergies renouvelables et de l’économie d’énergie.

Plus d’informations:
http://www.equienercoop.lu
eMail: info@equienercoop.lu
Tel: 691 30 49 94 (Christian Goebel)

(transmis le 9.1.2013)