Gratis Transport

Gratis Transport

Gratis ëffentlechen Transport fir jiddereen: Dem Premier seng Propose an der Tripartite, fir de Pëtrolspräisser am Wuerekuerf vum Index manner Gewiicht ze ginn, dofir awer den ëffentlechen Transport gratis ze man, gouf bekanntlech vun de Gewerkschaften ofgeleent.

Mee wéi wier et dann zu Lëtzebuerg, wann dem Premier seng Propose Realitéit géif ginn?

Dozou e puer Iwwerleeunge vum Pierre Reyland.

Komesch eigentlech, dass de Jean Claude Juncker mat der Idee vum gratis ëffentlechen Transport koum, nodeems en dëser Deeg 23 Stonne laang am Bus souz, well wéint däer onglaublecher Vulkanäschewollek kee Fliger méi goung,  a no där Busodyssée sot: „Et ass eng Experienz, déi ech net wëll widderhuelen”. Woubäi de Vulkan an Island, oder dee vill méi décken dernierft, all Zäit nees ausbrieche kann, an dann hu mer nees ganz aner Problemer…Mee bon, ech komme vum Sujet of…

Huele mer also un: Den ëffentlechen Transport gouf gratis zu Lëtzebuerg. Domatt kéim d’Ländche endlech mol nees d’international Schlagzeilen. Net wéint dem Bankgeheimnis, oder well de Grand Duc e Gesetz net wollt ënnerschreiwen. Mee wäll grad de Grand Duché – wou et déi meeschten Autoe pro Kapp gëtt (ëm déi 630 pro 1000 Awunner) – als éischt Land op der Welt, e flächendeckenden, gratis ëffentlechen Transport ageféiert huet.

Touristen a Leit, déi aus dem Ausland op Besuch kommen, si begeeschtert, Lëtzebuerg gëtt als Beispill zitéiert. An ëmmer méi Leit klammen tatsächlech ëm op Bus an Zuch. Si spuere Benzin- an Dieselkäschten, d’Regierung spuert CO2 Emissiounen, d’Liewensqualitéit, besonnesch an de Stied, gëtt besser. A wéint der héijer Demande ginn d’Servicer an Infrastrukture och verbessert, op den Haapstrosse kommen endlech iwwerall Busspuren, och an den ofgeleeënen Uertschaften – also praktesch iwwerall zu Lëtzebuerg – komme nei Buslinnen, an t’gëtt investéiert – nei Busarrêten, nei Schinnen, nei Garen, nei Campagnën… Bus- an Zuch-fuere gëtt richteg cool, do gesäit ee Leit, wou ee gemengt hat, déi géif et zu Lëtzebuerg guer net ginn (dat sinn déi, déi och elo schon den ëffentlechen Transport huelen – de Gros dovunner Auslänner), an heiando kënnt esou guer de Gedanken, op een deen zweete Famillen-Auto net vläicht awer sollt verkafen. Well déi al Excusen – „bei mir fiert kee Bus oder Zuch, dat dauert ze laang, ech muss mäi Kand an d’Crêche siche goen, ech muss nach an de Supermarché“, etc.. – gräife net méi richteg. Well d’Leit zu Lëtzebuerg verstan hun: den ëffentlechen Transport ass keen Thema méi, mee eng Selbstverständlechkeet.

Mee elo mol lues….well esou einfach geet dat net.

Well ouni déi néideg Investitiounen ass de gratis ëffentlechen Transport just eng léif Idee – eng Mogelpackung, wéi d’Gewerkschafte soen, oder Déi Gréng. Well e Bus oder Zuch, deen et guer net gëtt, kann een jo net huelen – och wann e gratis ass. An do ass et dann erëm extreem komesch, dass de Premier de gratis effentlechen Transport proposéiert, an d’Regierung, zuer gläicher Zäit, an hire Spuerproposen, massiv Kierzungen an den Investitiounen an deem Secteur virgesäit…..

Den zweete Problem ass méi allgemeng: De Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinnen hir Käpp – oder „d’Mobilitéitsverhalen“, wéi dat am Jargon heescht. Dat Verhalen hänkt net nëmme vun den externe Konditiounen of, mee och vill vu subjektive Meenungen. An zu Lëtzebuerg ass d’Meenung iwwert den ëffentlechen Transport, oder d’Motivatioun, fir en ze benotzen, vu viran zimlech negativ. De gratis ëffentlechen Transport géif wuel eng Partie Leit ëmmotivéieren – op d’mannst emol fir sech z’informéieren, op vläicht e Bus virun der  Hausdier fort fiert. Mee wien ass wirklech drun intresséiert, den ëffentlechen Transport mart anzebauen an e Liewensstil, wou et drëms geet, esou man wéi méiglech Schued um Planéit ze man? Wien ass bereet, eng eventuell méi laang oder manner komfortabel Rees a Kaaf ze huelen. Oder ass dat iren eng Experience, déi ee nët wëll widderhuelen? Wéi hat de Schwäizer Verkéiersexpär, de Professer Brändli, gesot . „Die Luxemburger haben kein Verkehrsproblem. Sie sind das Verkehrsproblem“.

RTL – 29.04.2010, 09:33 – Fir d’lescht aktualiséiert: 29.04.2010, 09:38

Carte blanche : Mam Vëlo op d'Schaff vum Denis Scuto

Source : http://news.rtl.lu/commentaire/carteblanche/29815.html

Wéi vill Anerer bedeelegt sech den Denis Scuto, an dësen Tour de France-Zäiten, un der Aktioun „Mam Vëlo op d’Schaff”, déi den Transportministère dëst Joer nees an Zesummenaarbecht mat Partner wéi der CFL, dem Verkéiersverbond an der Lëtzebuerger Velosinitiativ organiséiert. Seng Erfahrungen hunn en zu dëser Carte blanche inspiréiert.

(more…)

LSAP: R. Becker a F. Kuffer sinn aus der Partei ausgetrueden

LSAP: : De Raymond Becker, Ex-Generalsekretär vun der Partei, a seng Fra, déi fréier sozialistesch Députéiert Françoise Kuffer sinn ausgetrueden.

Virun de Wahlen ass no de Wahlen: dee nächsten groussen Stéchdag ass am Oktober 2011, mat de Gemengewahlen zu Lëtzebuerg.

An zu Iechternach, bei der LSAP hunn déi Wahlen elo schon derfir gesuergt, datt 2 prominent Memberen hir Parteikaart ofginn hunn.

De fréieren Generalsecretär vun de Sozialisten, de Raymond Becker a seng Fra, die fréier Députéiert Françoise Kuffer sinn aus der LSAP ausgetrueden.

Schonn am Januar huet d’Koppel Becker-Kuffer der LSAP offiziell de Réck gedréit, awer réischt elo, no de Chamberwahlen ass dat duerchgesickert.

De Raymond Becker, ganz activen President vun der asbl Intra Muros begrënnt seng Decisioun domatt, datt hien bei de Gemengewahlen zu Iechternach mat an d’Course wëll goen, d’LSAP hien awer net als Kandidat well mat huelen.

D’Parteispëtzt huet eng aner Versioun vun der Geschicht: D’LSAP huet ni decidéiert, den Iechternacher net mat an déi nächst Gemengewahlen ze huelen – dat seet de Parteipresident.
D’Demissioun vum Raymond Becker geet op de Januar zeréck, sou den LSAP-Chef Alex Bodry – a si hat net direkt eppes matt de Gemengewahlen ze dinn. Deemols ass decidéiert ginn, d’Kandidatur vum Ben Scheuer zeréckzebehalen, et ass awer näischt iwert d’Kandidature fir d’Gemengewahle gesot ginn. De Raymond Becker hätt doraus d’Conclusioun gezunn, dat hien och net op der Lëscht vun der LSAP fir d’Gemengewahlen erwënscht ass – esou eng Decisioun ass aawer ni geholl ginn, sou den Parteipresident Alex Bodry.

D’Françoise Kuffer, déi jo schonn 1993 aus der LSAP eraus an no e puer Méint erem era goung, huet mat der aktiver Politik ofgeschloss.

De Raymond Becker par conter ka sech virstellen, mat enger eegener neier Lëscht an d’Wahlen zu Iechternach ze goen.

Bei eng aner Partei ze wiesselen, ass den Ament jiddefalls, fir de Raymond Becker keng Optioun.

Den Mëttwochowend reagéiert d’Sektioun vun Iechternach a mengt: d’LSAP verléiert zwar elo zwee Memberen, awer keng zwee Mataarbechter.

Schonn am Januar hätt d’Sektioun e Bréif un de Parteipresident geschriwwen, an deem festgehalen gouf, datt déi zwou Persounen bannent 10 Joer op kenger eenzeger Versammlung vun de Memberen derbäi wor; an nawell wären si gefrot ginn, fir déi lescht Gemengewalen ze kandidéieren; déi zwee hätten awer d’Zesummenaarbecht mat der Partei refuséiert.

Weder den Här Becker nach d’Madame Kuffer hätten eng Demande agereecht, fir d’Parlamentswalen vum 7. Juni kënnen derbäi ze sinn; si hätten och keng Demande an deem Sënn fir déi nächst Gemengewalen gemaach.

Source : http://wahlen.rtl.lu/news/aktualiteiten/28722.html