Daisymupp » RTL.lu

Iechternacher Gemengewahlen ouni Fernand Boden a Jos Scheuer
A gutt siwe Méint si Gemengewahlen an uechter d’Land ass een amgaangen  d’Lëschten ze besetzen. Spannend kéint et dëst Joer zu Iechternach ginn.

An de Proporzgemengen läit d’Besetze vun de Lëschten an der Hand vun de  Parteien an déi sinn äerdeg um telefonéieren an nofroen. D’Gemengewahlen  zu Iechternach verspriechen elo scho spannend ze ginn. An der Abteistad  war laang de fréiere Minister Fernand Boden fir eng Plaz op der CSV  Lëscht am Gespréich, selwecht wéi säin Adversaire vun der LSAP den Jos  Scheuer. Elo schéngt dat awer vum Dësch ze sinn.

„Wann hie  matgeet, sinn och derbäi“ huet et laang op béid Säite geheescht. Elo ass  d’Kaz aus dem Sak, den Fernand Boden sot am Gespréich mat RTL, hien  hätt „net Wëlles“ mat an d’Gemengewahlen ze goen. De fréieren  Député-Maire vun der LSAP Jos Scheuer huet déi nämmlecht Informatiounen.

Et  wier am Interêt vun deenen Zwee, datt dës Decisioun gefall ass. No 25  Joer Gemengepolitik géif et fir de Jos Scheuer och duergoen an et wier  Zäit fir Plaz fir déi Jonk bei der LSAP ze maachen. Wien dann elo amplaz  kënnt, ass nach net sécher.

Sécher ass, datt dem Jos Scheuer  säi Fils, den LSAP Deputéierte Ben Scheuer, Tête de liste ass. Déi  Lëscht ass nach net komplett, confirméiert ass awer, dass d’Gemengeréit  Jean-Claude Strasser an Danièle Heim nees derbäi sinn. De Georges Birgen  net, dofir awer héchstwahrscheinlech de Fils, Luc Birgen.

Bei  der CSV ass d’Lëscht och net ganz komplett, déi aktuell Schäffen a  Gemengeréit hunn awer Wëlles matzegoen: Edmond Neu, Yves Wengler, den  aktuelle Buergermeeschter Theo Thiry an och den Marc Diederich, deem am  Ufank vun der Legislatur um Buergermeeschteschstull souz.

Bei  der DP soll et eng jonk Lëscht ginn, och wann zwee Jonker, den Steve  Wagner an de Gilles Petry aus professionelle Grënn net méi derbäi sinn.  De Sektiounspresident Jean-Paul Spartz geet awer mat, selwecht wéi  d’Schäffen André Hartmann, Francis Reuter an de Conseiller Marcel  Heinen. Fir d’éischte Kéier op der DP Lëscht wier nach de Georges  Hoscheid.

Dann, Déi Gréng, déi fir d’éischte Kéier eng Lëscht zu  Iechternach maachen. D’Spëtzt ass hei am Prinzip wéi déi vum Bezierk a  paritéitesch besat: Raymond Becker a Carole Dieschbourg. Et gesäit, dann  och duerno aus, wéi wann déi fréier Deputéiert Francoise Kuffer net  géif mat an d’Gemengewahle goen. Definitiv décidéiert wier awer nach  näischt.

Source : www.rtl.lu

Gratis Transport
Gratis ëffentlechen Transport fir jiddereen: Dem Premier seng  Propose an der Tripartite, fir de Pëtrolspräisser am Wuerekuerf vum  Index manner Gewiicht ze ginn, dofir awer den ëffentlechen Transport  gratis ze man, gouf bekanntlech vun de Gewerkschaften ofgeleent.

Mee wéi wier et dann zu Lëtzebuerg, wann dem Premier seng Propose Realitéit géif ginn?

Dozou e puer Iwwerleeunge vum Pierre Reyland.

Komesch  eigentlech, dass de Jean Claude Juncker mat der Idee vum gratis  ëffentlechen Transport koum, nodeems en dëser Deeg 23 Stonne laang am  Bus souz, well wéint däer onglaublecher Vulkanäschewollek kee Fliger méi  goung,  a no där Busodyssée sot: „Et ass eng Experienz, déi ech net  wëll widderhuelen”. Woubäi de Vulkan an Island, oder dee vill méi décken  dernierft, all Zäit nees ausbrieche kann, an dann hu mer nees ganz aner  Problemer…Mee bon, ech komme vum Sujet of…

Huele  mer also un: Den ëffentlechen Transport gouf gratis zu Lëtzebuerg.  Domatt kéim d’Ländche endlech mol nees d’international Schlagzeilen. Net  wéint dem Bankgeheimnis, oder well de Grand Duc e Gesetz net wollt  ënnerschreiwen. Mee wäll grad de Grand Duché – wou et déi meeschten  Autoe pro Kapp gëtt (ëm déi 630 pro 1000 Awunner) – als éischt Land op  der Welt, e flächendeckenden, gratis ëffentlechen Transport ageféiert  huet.

Touristen a Leit, déi aus dem  Ausland op Besuch kommen, si begeeschtert, Lëtzebuerg gëtt als Beispill  zitéiert. An ëmmer méi Leit klammen tatsächlech ëm op Bus an Zuch. Si  spuere Benzin- an Dieselkäschten, d’Regierung spuert CO2 Emissiounen,  d’Liewensqualitéit, besonnesch an de Stied, gëtt besser. A wéint der  héijer Demande ginn d’Servicer an Infrastrukture och verbessert, op den  Haapstrosse kommen endlech iwwerall Busspuren, och an den ofgeleeënen  Uertschaften – also praktesch iwwerall zu Lëtzebuerg – komme nei  Buslinnen, an t’gëtt investéiert – nei Busarrêten, nei Schinnen, nei  Garen, nei Campagnën… Bus- an Zuch-fuere gëtt richteg cool, do gesäit  ee Leit, wou ee gemengt hat, déi géif et zu Lëtzebuerg guer net ginn  (dat sinn déi, déi och elo schon den ëffentlechen Transport huelen – de  Gros dovunner Auslänner), an heiando kënnt esou guer de Gedanken, op een  deen zweete Famillen-Auto net vläicht awer sollt verkafen. Well déi al  Excusen – „bei mir fiert kee Bus oder Zuch, dat dauert ze laang, ech  muss mäi Kand an d’Crêche siche goen, ech muss nach an de Supermarché“,  etc.. – gräife net méi richteg. Well d’Leit zu Lëtzebuerg verstan hun:  den ëffentlechen Transport ass keen Thema méi, mee eng  Selbstverständlechkeet.

Mee elo mol lues….well esou einfach geet dat net.

Well  ouni déi néideg Investitiounen ass de gratis ëffentlechen Transport  just eng léif Idee – eng Mogelpackung, wéi d’Gewerkschafte soen, oder  Déi Gréng. Well e Bus oder Zuch, deen et guer net gëtt, kann een jo net  huelen – och wann e gratis ass. An do ass et dann erëm extreem komesch,  dass de Premier de gratis effentlechen Transport proposéiert, an  d’Regierung, zuer gläicher Zäit, an hire Spuerproposen, massiv  Kierzungen an den Investitiounen an deem Secteur virgesäit…..

Den  zweete Problem ass méi allgemeng: De Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinnen  hir Käpp – oder „d’Mobilitéitsverhalen“, wéi dat am Jargon heescht. Dat  Verhalen hänkt net nëmme vun den externe Konditiounen of, mee och vill  vu subjektive Meenungen. An zu Lëtzebuerg ass d’Meenung iwwert den  ëffentlechen Transport, oder d’Motivatioun, fir en ze benotzen, vu viran  zimlech negativ. De gratis ëffentlechen Transport géif wuel eng Partie  Leit ëmmotivéieren – op d’mannst emol fir sech z’informéieren, op  vläicht e Bus virun der  Hausdier fort fiert. Mee wien ass wirklech drun  intresséiert, den ëffentlechen Transport mart anzebauen an e  Liewensstil, wou et drëms geet, esou man wéi méiglech Schued um Planéit  ze man? Wien ass bereet, eng eventuell méi laang oder manner komfortabel  Rees a Kaaf ze huelen. Oder ass dat iren eng Experience, déi ee nët  wëll widderhuelen? Wéi hat de Schwäizer Verkéiersexpär, de Professer  Brändli, gesot . „Die Luxemburger haben kein Verkehrsproblem. Sie sind  das Verkehrsproblem“.

RTL – 29.04.2010, 09:33 – Fir d’lescht aktualiséiert: 29.04.2010, 09:38

Am Alter vun 52 Joer ass d'Adri van Westerop gestuerwen
Source : http://news.rtl.lu/news/national/53595.html

D’Adri van Westerop ass dout. Am Alter vun 52 Joer ass déi geléiert Chemie-Ingénieurin un engem Häerzleiden an u Longekriibs gestuerwen.

D’Adri van Westerop, Fra vum Raymond Aenderkerk a Mamm vum Joya, ass hei am Land bekannt ginn als éischten Ëmweltberoderin, wéi si fir den Oekofong geschafft huet.

Während 10 Joer Ëffentlechkeetsaarbecht, och um Radio, huet si sech fir e responsabelt Behuelen agesat, vum Akaf, iwwert gesond Ernährung an ökologescht Baue bis Ëmweltschutz an de Verwaltungen oder an de Supermarchéën. Zesumme mam heitege Minister Marco Schank huet si och 2 Bicher zu deem Thema verëffentlecht.

Di Verstuerwen wor awer och eng vun den dreiwende Kräften hannert der Oekofoire an huet matgehollef, TransFair-Minka ze grënnen, a sech ebe fir de fairen Handel zu Lëtzebuerg angesat.

Donieft wor d’Adri van Westerop an enger Abberzuel anere Projeten an Organisatiounen aktiv, déi hirer öko-sozialer Iwwerzeegung entsprach hunn: Si war Matbegrënnerin vun Akut a war bis zu Lescht engagéiert bei “Justice et Paix” a bei “Etika”.

Am Kader vum Projet “oppe Famill” vun der Croix-Rouge, fir Asilbewerber opzehuelen, hat si 2006 zesumme mat hirer Famill dem Samra aus Äthiopien fir annerhalleft Joer en neit Doheem ginn.

1999 ass d’Adri van Westerop an d’Direktioun vu Servior op d’Rhum gewiesselt.

Déi gebierteg Hollännerin, déi 1983 op Lëtzebuerg komm ass, ass 1999 fir d’éischt an de Conseil vu Betzder gewielt ginn. D’Adri van Westerop huet sech bei de Gréngen engagéiert a wor och Kandidatin op Lëschte fir d’Europa- a fir d’Chamberwahlen.

Si ass schonn e Mëttwoch gestuerwen. Eng Cérémonie d’adieu ass den Dënschdeg, 29. Dezember ëm 15 Auer an der Porkierch zu Rued/Syr.