Trotz ongönstegen Wiederkonditiounen war den 1. Daag vun Allerlee vun Heiheem en gudden Erfollech fir den Gonnerenger Duerfclub. Bal die ganz Daagesproduktioun un fröschem Viz ass haut schons verkaaft ginn.
E Sonnden, 7. Oktober wärt den Gonnerenger Duerfclub nach weider agekachten Viez an 1l Glasfläschen (2€ + 0,25€ Vidange) an a 5l Bag in Box (9 € ouni Vidange) verkaafen. Ausserdem gött den ganzen Daag frëschen Viez gepresst, deen der an 1,5l Plastikfläschen (2,5 €) könnt kaafen. Am Frigo hält den fröschen Viez sech gudd eng Woch ier en ufänkt méi sprötzech ze ginn.

Ausserdem maachen mer iech drop opmierksam, datt den Sonnden, 21. Oktober eist traditionnelt Vizfest zu Gonnereng stattfönnt. Och do könnt der de ganzen Daag fröschen an agekachten Viez kaafen.
Möttes gött et en leckeren Menü an de ganzen Daag duerch gött et Gegrills a Fritten.
Menu : 1/2 Poulet fir 13€ an Fierkelshämmchen fir 16 €, begleet mat gebootschten Gromperen an Zalot.
Reservatiounen per E-Mail op duerfclubgon@pt.lu oder hansenb@pt.lu oder no 18 Auer um Telefon 787 666 oder 787 589

Mier freen eis ierch op denen 2 Datumen ze begréissen.

[scrollGallery id=2]