Gratis Transport

Gratis Transport

Gratis ëffentlechen Transport fir jiddereen: Dem Premier seng Propose an der Tripartite, fir de Pëtrolspräisser am Wuerekuerf vum Index manner Gewiicht ze ginn, dofir awer den ëffentlechen Transport gratis ze man, gouf bekanntlech vun de Gewerkschaften ofgeleent.

Mee wéi wier et dann zu Lëtzebuerg, wann dem Premier seng Propose Realitéit géif ginn?

Dozou e puer Iwwerleeunge vum Pierre Reyland.

Komesch eigentlech, dass de Jean Claude Juncker mat der Idee vum gratis ëffentlechen Transport koum, nodeems en dëser Deeg 23 Stonne laang am Bus souz, well wéint däer onglaublecher Vulkanäschewollek kee Fliger méi goung,  a no där Busodyssée sot: „Et ass eng Experienz, déi ech net wëll widderhuelen”. Woubäi de Vulkan an Island, oder dee vill méi décken dernierft, all Zäit nees ausbrieche kann, an dann hu mer nees ganz aner Problemer…Mee bon, ech komme vum Sujet of…

Huele mer also un: Den ëffentlechen Transport gouf gratis zu Lëtzebuerg. Domatt kéim d’Ländche endlech mol nees d’international Schlagzeilen. Net wéint dem Bankgeheimnis, oder well de Grand Duc e Gesetz net wollt ënnerschreiwen. Mee wäll grad de Grand Duché – wou et déi meeschten Autoe pro Kapp gëtt (ëm déi 630 pro 1000 Awunner) – als éischt Land op der Welt, e flächendeckenden, gratis ëffentlechen Transport ageféiert huet.

Touristen a Leit, déi aus dem Ausland op Besuch kommen, si begeeschtert, Lëtzebuerg gëtt als Beispill zitéiert. An ëmmer méi Leit klammen tatsächlech ëm op Bus an Zuch. Si spuere Benzin- an Dieselkäschten, d’Regierung spuert CO2 Emissiounen, d’Liewensqualitéit, besonnesch an de Stied, gëtt besser. A wéint der héijer Demande ginn d’Servicer an Infrastrukture och verbessert, op den Haapstrosse kommen endlech iwwerall Busspuren, och an den ofgeleeënen Uertschaften – also praktesch iwwerall zu Lëtzebuerg – komme nei Buslinnen, an t’gëtt investéiert – nei Busarrêten, nei Schinnen, nei Garen, nei Campagnën… Bus- an Zuch-fuere gëtt richteg cool, do gesäit ee Leit, wou ee gemengt hat, déi géif et zu Lëtzebuerg guer net ginn (dat sinn déi, déi och elo schon den ëffentlechen Transport huelen – de Gros dovunner Auslänner), an heiando kënnt esou guer de Gedanken, op een deen zweete Famillen-Auto net vläicht awer sollt verkafen. Well déi al Excusen – „bei mir fiert kee Bus oder Zuch, dat dauert ze laang, ech muss mäi Kand an d’Crêche siche goen, ech muss nach an de Supermarché“, etc.. – gräife net méi richteg. Well d’Leit zu Lëtzebuerg verstan hun: den ëffentlechen Transport ass keen Thema méi, mee eng Selbstverständlechkeet.

Mee elo mol lues….well esou einfach geet dat net.

Well ouni déi néideg Investitiounen ass de gratis ëffentlechen Transport just eng léif Idee – eng Mogelpackung, wéi d’Gewerkschafte soen, oder Déi Gréng. Well e Bus oder Zuch, deen et guer net gëtt, kann een jo net huelen – och wann e gratis ass. An do ass et dann erëm extreem komesch, dass de Premier de gratis effentlechen Transport proposéiert, an d’Regierung, zuer gläicher Zäit, an hire Spuerproposen, massiv Kierzungen an den Investitiounen an deem Secteur virgesäit…..

Den zweete Problem ass méi allgemeng: De Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinnen hir Käpp – oder „d’Mobilitéitsverhalen“, wéi dat am Jargon heescht. Dat Verhalen hänkt net nëmme vun den externe Konditiounen of, mee och vill vu subjektive Meenungen. An zu Lëtzebuerg ass d’Meenung iwwert den ëffentlechen Transport, oder d’Motivatioun, fir en ze benotzen, vu viran zimlech negativ. De gratis ëffentlechen Transport géif wuel eng Partie Leit ëmmotivéieren – op d’mannst emol fir sech z’informéieren, op vläicht e Bus virun der  Hausdier fort fiert. Mee wien ass wirklech drun intresséiert, den ëffentlechen Transport mart anzebauen an e Liewensstil, wou et drëms geet, esou man wéi méiglech Schued um Planéit ze man? Wien ass bereet, eng eventuell méi laang oder manner komfortabel Rees a Kaaf ze huelen. Oder ass dat iren eng Experience, déi ee nët wëll widderhuelen? Wéi hat de Schwäizer Verkéiersexpär, de Professer Brändli, gesot . „Die Luxemburger haben kein Verkehrsproblem. Sie sind das Verkehrsproblem“.

RTL – 29.04.2010, 09:33 – Fir d’lescht aktualiséiert: 29.04.2010, 09:38

Daat 5. Joer war d’Côte d’Opale ugesoot

Daat 5. Joer war d’Côte d’Opale ugesoot

Mam Thema “Loin de la mère, près de la mer” ware mer am 5. Joer bäi der “Côte d’Opale – site des 2 Caps”.

DATUM:
Mëttwoch 28. Abrëll owes, bis Sonndes den 2. Mee nomëttes
LAND:
Frankräich
REGIOUN:
Nord-Pas-De-Calais
DEPARTEMENT:
Pas-De-Calais
GÉIGEND:
Côte d’Opale
SITE:
Site des 2 Caps
LOKALITÉIT:
F-62164 Ambleteuse (am Norden vu Boulogne-sur-Mer)
UNTERKUNFT:
Hôtel des Argousiers
28, rue Clémenceau
tél.: ++(0)3 21 99 87 00
fax: ++(0)3 21 99 87 01
mail: hotel.argousiers@wanadoo.fr
www.hoteldesargousiers.fr

PROGRAMM:

  1. Dag: mise en forme: Wissant, Cap Blanc-Nez (laanscht d’Plage), Mont Hubert, Haute-Escalles, Sombre, Wissant-Nord
  2. Dag: Keeseretapp (dem Napoléon säi Monument ass nëmmen 5 km vun hei): Ambleteuse, Cap Gris-Nez, Wissant-Sud, Onglevert, Ambleteuse (27 km)
  3. Dag: à fond la forme: Ambleteuse, Raverthun (Nord), Mont de la Louve, Onglevert, Raverthun(Sud), Slack, Dunes de la Slack, Fort d’Ambleteuse, Ambleteuse
  4. Dag: Mir verloosse de “Site des 2 Caps” fir ewéineg méi südlech d’Traversée vun der Baie de Somme mat engem Guide ze ënnerhuelen: hei get et fort vun Le Crotoy mat arrivée zu St-Valéry-sur-Somme; zréck komme mir mam Dampzuch ronderem d’Baie